
Dës Woch am Fokus op schwätze mir mat der Autorité de la Concurrence iwwert den Digital Services Act, kuerz den DSA, wat e Reglement vun der EU Kommissioun ass.
An engem Saz: Den DSA soll dofir suergen datt alles wat offline am Alldag verbueden ass, och online verbueden ass.
Wéi geet d'Autorité de la Concurrence géint Belästegung vir, a wéi ginn heiduerch Mannerjäreger geschützt?
Wéi sinn déi grouss awer och déi kleng Plattforme reglementéiert?
Wat maachen ech wa meng Posts oder mäi Profil op de Soziale Medien ouni Erklärung geläscht ginn?
Dës Informatiounen a méi fannt der déi ganz Woch op RTL Radio Lëtzebuerg, oder liest elo schonn all d’Detailer iwwert Är Rechter op dsa.public.lu.