Déierentipp E Mantel fir den Dackel

Patrick Greis
Moudeschen Schnickschnack oder liewenswichtegen Accessoire
© RTL

E Mantel fir den Dackel

Nach ass et dobaussen ze waarm fir dass een nees där klenger Mippercher am Mantel um Trottoir spadséiere gesäit. Mee bréngt dat dem Déier wierklech eppes oder ass et total iwwerdriwwen? D’RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem rezente Fall aus der Praxis.

„Dat ass dach komplett topeg Vermënschlechung a géint hier Natur fir d’Muppen mat engem Mäntelchen ze kristillegen!“ huet dem Charly, engem Minidackel säi rosene Meeschter gemengt, deem mir nom butzege Mippchen sengem 2ten Bandscheiwevirfall geroden haten, him e Mäntelchen unzedoen. Esouguer fir nëmme kuerz eraus seng Kommissioune maachen ze goen. Et kënnt keen op d’Iddi engem Neufundlänner oder Berner Sennenhond e Mantel unzedoen. An och all den aneren Honn mat genuch Pelz, Ënnerwoll a Speck op de Rëpper dinn d’Keelt an de Reen meeschtens och ouni Zivilisatiounshëllef näischt.

Mais ginn déi aner, méi kleesper Honn dann net ëmmer méi kriddeleg, wat ee se manner dru gewinnt all Wiederlag auszehalen?

Hondsrassen mat kuerzen, dënne Fliichten op meeschtens och nach dënner Haut, déi fille sech ouni Kleeder an der hei jo meeschtens och nach fiichter Keelt bal grad esou plakeg wéi mir an hirer Plaz. Dobermann, Wandhonn, an nach vill méi, déi déi dem kale Buedem ganz no sinn wéi d’Dackelen, d’Jack Russelen, d’Franséisch Bulldoggen asw, déi brauchen einfach e Mantel géint d’Keelt an d’Nätzt. Well wann de Bauch kal gëtt, da kommen och déi bannescht Organer an d’Laberenten. Niere-Blosenentzündungen, Daarm- a Liewerprobleemer an esouguer Häerz- a Longenentzündungen sinn dann méiglech Konsequenzen. Dees Misär kann dann och erop bis an d’Wirbelsail zéien, woumat ee beim Charly senger ‘Dackellähme’ ukomm wier. Gëlle Reegel ass allerdéngs, dass en Hond mat Mäntelchen net aus der Léngt gelooss ginn duerf.

Back to Top
CIM LOGO