DéierentippEn adoptéiert Déier kann eng Virwëtztut sinn

Patrick Greis
Hausdéieren aus dem Ausland si gären e Problem.
© RTL

Wann ee sech en Hausdéier uschaaft, stellt sech d’Fro op een éischter eent aus dem Déierenasyl hëlt, oder bei engem Ziichter uklappt. D’RTL Déierendoktesch Romi Roth weess, dass en adoptéiert Déier ganz gären eng Virwëtztut ass.

Wéi den Edy virun annerhallwem Joer bei seng nei Leit koum, war de Grousse Münsterländer-Ridd véier Joer al an a viller Hisiicht keen onbeschriwwent Blat méi. Zwar war iwwert seng Originnen am Fong weider näischt gewosst, mee et ass direkt opgefall, dass de neie Familljemember rabbeleg dënn an och zimmlech mackeg war. Natierlech ass hien dunn emol op déi gängegst Daarmparasitten, mee och op sougenannt Vecteurs-Kränkten ënnersicht ginn. Hien hat du schonn emol eng ‘Ehrlichiose’. A vu dass net gewosst war, wouhier hien koum a wouhinner ee mat him scho gereest war, sinn och emol d’Süd-Kränkten wéi d’'Babesios’ an d’'Leishmannios’ gecheckt ginn. Mat deemools, virun annerhallwem Joer, ganz kloer negativem Resultat.

An du goung et drëms d’Ursaachen vu verschidde Problemer erauszefannen.

Eng Lidderegkeet vu sengem Pankreas fir genuch Verdauungsenzymer ze maachen an och seng Ehrlichios waren am Fong Erklärung genuch fir Rabbelegkeet a Lethargie. A mat der Therapie géint d’'Ehrlichios’ an Ersatz Verdauungs-Enzymer huet de léiwe Ridd de Knuet dunn och gutt opgedoe a bäigeholl. Bis hien viru kuerzem bluddegen Duerchfall krut, nees dënn gouf an iwwerall op eemol Rëff hat. Well dat staark un d’KH-Bild vun enger Leishmannios erënnert huet, gouf, trotz negativem Resultat virun annerhallwem Joer, alt awer nach eemol op déi Kränkt analyséiere gelooss. Mat dës Kéier héich positivem Bilan. Zanterdeem kritt den aarme Kärel ‘Allopurinol’, d´klassescht Medikament fir d’Leishmannios a Schach ze halen an et geet him vun Dag zu Dag alt nees besser.

en adoptéiert Déier kann eng Virwëtztut sinn

Back to Top
CIM LOGO