
Mat enger gewësser Präferenz fir d’Gummis-Ëmmantelung vun elektresche Kabelen an all méiglechen Emballagen, virun allem där, an deene virdrun eppes fir z’iesse gewunnt huet. Bei de meeschte Muppe géif dat nach als eenegermoossen normal duerchgoen, bei enger Kaz ass dat u sech schonn eng Pathologie a gëtt ‘Allotriophagie’ genannt.
Dat ka jo dann awer och emol an d’A goen,wann esou ee Kabel nach ënner Stroum ass oder eng Verpackung op eemol am Verdauungs-Tube vum Kiederche fest stécht. Den Tommy hat nämlech eng riseg Tut vun engem XXL-Pak Chips verhaft.
An der Nuecht hat hien sech schonn 14! mol iwwerginn an dobäi zimmlech vill vun deem Pak-Material evakuéiert. Stull konnt hien awer kee méi maachen,obwuel en et ëmmer nees probéiert huet. Iwwert Röntgen- an Ultraschall-Ënnersichung war ze gesinn, dass de Mo vun deem klenge Kärel entzünt, mee eidel war. Mais am Duodenum, dem éischte Stéck Dënndaarm direkt hannert dem Mo, stouch nach dees Friemkierper fest an huet den Daarm derzou bruet sech ronderëm ze verkrampfen. Ee sougenannte Friemkierperkramp mat funktionellem Daarmverschloss louch vir, dee glécklecherweis nach eemol mat Massagen, Ausspullen a Medikamenter géint Entzündung a Spasmolytika géint d´Daarmkrämp fort ze kréie war. Mais et gëllt elo gutt Uecht ze ginn, well vu Kéier zu Kéier gëtt de Risiko méi grouss, dass dem Allotriophagie-Kiederchen nëmme nach mat enger Urgence-Bauch-OP gehollef ka ginn.
en drolegen Appetit bei engem Kueder