
e Kazepatient mat EGK
Et gëtt méi geleefeg Krankheete bei Honn a Kaz, vun deenen ee schonn héieren huet, a wou net just den Déierendokter direkt weess wat gelaut huet. An da gëtt et méi anormal Geschichte wou een net op den éischte Bléck weess wat lass ass. D’RTL Déirendoktesch Romi Roth mat engem kuriéise Fall.
De Carlo, e wonnerschéinen, risegen Maine Coon war immens schlecht. Hien huet bal nëmme nach geschlof. Iwwert dem Friessen ass en heiansdo wéi vun enger Tarantel gebass an d’Héiluucht gesprongen a fortgelaf. Well hie scho ganz rabbeleg gi war an op eemol och esou komesch gegierkst huet, hu seng Leit hien emol an d’Praxis bruecht. De Carlo, soss e Muster u Gedold, wollt sech dës Kéier guer net an de Mond kucke loossen.
Muss een esou ee Kaze-Patient dann an d’Narkos leeën, just fir en ze ënnersichen?
Wéi mir hien dunn awer wéi eng Mumie mat enger Decken ëmwéckelt haten, konnte mir hien an der Schnëss ënnersichen. Du gouf och kloer, wou d’Kromm an der Heck war: dem Carlo säi Mond war bannendran wéi no enger Explosioun. Alles feierrout geschwollen an entzünt an hanne bei der Schléck hat hien eppes wéi Choufleur laanscht dat hien net méi schlécke konnt. De Carlo hat den ‘Eosinophilen Granulom Komplex’, EGK, oder och Kaze-Stomatitis-Komplex, bei deem den Immunsystem sech op eemol géint den eegene Kierper dréint an deen ugräift amplaz en ze verdeedegen. Net liicht ze behandelen an heiansdo therapieresistent bis och de leschten Zant gezunn ass. De Carlo, bei deem d’Krankheet séier fort war mee dunn erëm koum, muss elo reegelméisseg mat engem Medikament behandelt ginn, dat säin Immunsystem berouegt.