
Eng Kränkt aus dem Bësch
Konsequenzen fir d’Gesondheet leien dann op der Hand. D’RTL Déierendoktesch Romi Roth, haut mat engem Fall wou Diagnos séier kloer war, mee de Wee bei de Problem méi laang gebraucht huet.
Den Alfie war krank. Schonn zanter e puer Deeg war hien mackeg an huet mam Fudder gelepst. Heiansdo huet dee léiwen Tibet Terrier oder och nach ‘Lhasa Apso’ gegierkst an d’Verdauung ass och méi mëll ginn. Wéi seng Leit hien op eemol hellewech an d’Praxis bruecht hunn, ass et vir an hannen bluddeg ewech gaangen. Well ee vun deene Fiiss héieren hat, déi un der ‘Staupe’ (op franséisch Maladie de Carré, Distemper op englesch) gestuerwe sinn an den Alfie net konsequent geimpft war, huet seng Famill natierlech gefaart, hien hätt elo déi Fuussekränkt aus dem Bësch mat Heem bruecht. Besonnesch well effektiv Duerchfall a Briechen oft éischt Symptomer fir ‘Staupe’ sinn.
Et kënnen awer och Unzeechen sinn, fir eppes Schlechtes erwëscht a gefriess ze hunn?
Jo, oder fir ee vun den Holzbengelen, op déi den Alfie wéi geckeg ass an déi och emol am Geträips hänken a stieche bleiwe kéinten. Mee mat den aktuell niddregen Temperaturen wieren Staupeviren leider awer och eng méiglech Diagnos. Déi Keimer kënnen da nämlech bis dräi Wochen iwwerliewen. An déi Kränkt ka geféierlech ginn fir net oder net richteg geimpften Honn, de Wollef, de Fuuss, awer och Marderen oder fir Wäschbieren. D´Kaze ginn net krank. De Mënsch och net, obwuel de Virus mat deem vun de Riedelen Famill ass. Mat engem negativen Schnelltest gouf awer kloer, dass den Alfie déi Staupe net hätt. Obwuel scho bal 3 Joer hier, war seng Impfung warscheinlech just och nach gutt. Hien hat HGE, eng Akut Bluddeg Gastroentérite. Deen Diagnostik huet, obwuel d’Symptomer ganz uerg kënne sinn, keng schlecht Prognos. Och a méi schwéiere Fäll ass et mat e puer Baxteren a Medikamenter géint d’Entzündung, Kolliken an d’Bluddung meeschtens - an wéi bei eisem Muppepatient - och ouni weider Problemer gedoen.