DéierentippKaze kënnen net vegan gehale ginn

Patrick Greis
Et kann ee sech reegelrecht strofbar maachen.
© RTL

Dir kënnt iech vläicht nach un d’Geschicht vum Susi erënneren, eng jonk Europäesch-Mix-Kaz, déi sech no der Sterilisatioun esou versiess bis op déi allerbannescht Néit virum Geträips alles gezunn hat. D’RTL Déierendoktesch Romi Roth mat der Suite vun der Geschicht.

Abee, am Ganzen huet déi kleng Zatz missen 3 Wochen hospitaliséiert bleiwen an wärend där Zäit och 3 mol ënner Sedatioun mat Lokalanästhesie nogebutt ginn. Dat well si all Mäntelchen fir déi Kaze jo souwisou net gemaach sinn- am Handëmdréien ausgedoen hat. Och Triichteren ware séier fort, bis eng ganz speziell Stréckel-Germanique fir si erfonnt gi war, déi si wierklech net méi lassgi konnt. Et war de rengsten Alpdram fir all Bedeelegt an natierlech an der Haaptsaach fir déi aarme Kaz selwer.

Wat d’Ursaach vun där Roserei, sech selwer vill wéi ze dinn ugoung, stoung ee virun engem grousse Rätsel. Bis dem Susi seng Tatta et emol besiche koum a gefrot huet, ob hir kleng Kaz an der Praxis och esou kriddeleg wier mam Friessen. Bei hier doheem géif si an der Lescht nach just d’Fleesch wëllen, dat si esou 1x an der Woch kritt, d’Geméisplaten géif si refuséieren, et sief dann, si kritt e bësse Fleesch oder Kéis drënner.

Kaze kënnen, anescht wéi Mënschen oder och Honn vill Substanzen an haaptsächlech Vitamin B12 an Taurin ouni Fleesch ze friessen net selwer fabrizéieren a ginn duerch Mangel-Probleemer duerch Planze-Friessen gär immens nervös oder esouguer carrément geckeg. An effektiv: mat eisen 3 Fleeschmoolzechten all Dag, ass d´Susi ëmmer méi gemittlech ginn an huet seng Fiedem endlech mat Rou gelooss. Well eng vegan oder wéi hei bal vegan Moolzecht nom Déiereschutzgesetz no, dat virgesäit, dass ee säin Hausdéier senger Aart entspriechend korrekt hale muss, am Fong net an der Rei ass, kann ee sech domat ganz streng geholl a bei allem gudde Wëllen esouguer reegelrecht strofbar maachen.

Am Fong kann ee sech reegelrecht strofbar maachen

Back to Top
CIM LOGO