
en Chihuahua mécht nees Misär
Dës Kéier ass et eppes mat sengen hënneschte Been. Beim spadséiere goen hieft et an der Lescht all puer Meter déi hënnescht lénks Patt, hippt weider op dräi Beenercher, jiipst dann eemol a leeft dann op alle véier Patte nees weider. Hatt huet dat soss och scho gemaach, mee bei wäitem net esou dacks."Wat ass de Problem, a wat kann een maachen?
Déi kleng Midderchen hat eng habituell Patella-Luxatioun. En heefege Probleem bei klengen Honn, dee mam Alter dann och méi Misär mécht. An d´Chloé ass 14 Joer al. D´Patella, d´Knéischeif ass eng Verstäerkung vun der Seen vum grousse Knéistreckermuskel, déi deen Muskel iwwert d´Knéigelenk ewech mam ënneschte Been verbënnt. Wann d´Patella verrenkt oder luxéiert, da rutscht se aus hirem schankege Kullang, dee bei klenge Mippercher oft net déif genuch ass, eraus a läit da meeschtens banne nieft dem Knéi. Dobäi gëtt all Kéier d´Gelenkkapsel gequëtscht, wat ferm wéi doe kann.
A wat dat méi heefeg de Fall ass, wat et méi Misär gëtt.
Honn, deenen hier Knéischeif ganz oft verrutscht oder luxéiert hunn um Enn keng Freed méi fir ze goe, well all Schratt wéi deet. Dann hëlleft eng OP, bei där de Kullang fir d'Knéischeif méi déif gemaach gëtt, eng sou genannt Sulkoplastik. Oft gëtt am selwechte Siess dann och den Usaz vun der Knéistreckerseen um ënneschte Been versat, fir dass och d'Muskelbeweegung d'Patella net méi rutschen kann.