
Kriddeleg al Kazen
Heiansdo geet et an enger Déierepraxis zou, wéi beim 112. D’Leit déi en Déierchen hu ruffen opgereegt un, a beschreiwen op hir Manéier wat de Problem ass. D’RTL Déirendoktsch Romi Roth ass op där anerer Säit vun der Leitung a versicht direkt de Problem ze detektéieren.
Zanter e puer Deeg ass eisen ale Kueder ganz schlecht! Hee mécht Asthma-Krisen wou ee mengt, hie misst erstécken“ De Routtiger Nino ass mat bal 20 Joer a villen anere Boboen ee Geriatrie-Kazepatient wéi en am Buch steet.
Mä 20 Joer. Dat sinn der awer och schonn e puer fir ee Kueder. Dat wieren der jo bal honnert bei de Leit?
Jo, an de léiwe Kaze-Bopi hat dann och bal alles wat ee sech an deem Alter esou lues zesumme gesammelt kann hunn: scho laang bekannt war een hormonelle Probleem, hien hat eng ganz uerg Hyperthyreose, eng Iwwerfunktioun vun der Schilddrüs mam ganze Rateschwanz vu sougenannte Ko-Morbiditéiten. Schlecht Nieren, vill Moprobleemer well hien trotz Therapie nach immens vill gefriess huet. An elo déi Saach mat der Ootmung. Mä déi war séier gekläert wéi d’Praxis-Assistentin, déi eng ganz reng Nues huet, bemierkt huet, dass eisen ale Patient no eppes wéi Eukalyptus gemëffelt huet. Tatsächlech war dem Nino seng Liblingsplaz nieft enger Heizung mat Humidificateur an deem, fir et besonnesch gutt ze maachen, och ee Liquide dran ass mat allerlee fir d’Loft ze desinfizéieren. Nodeems seng Meeschtesch deen Zousaz emol fortgelooss a méi aggressiv gelëft huet, war dem Nino säin Asthma ganz séier verflunn.