DéierentippMuppemuddere kastréieren

Patrick Greis
En Tumeur sou grouss wéi eng Mandarine hätt net misste sinn
© RTL

Muppemudderen kastréieren

„Eist Honey huet ënnen um Bauch eng déck Knupp, déi uewe schonn e bësse blo glënnert. Wat kann dat sinn?“ D´Honey ass ee Bolonka, e ganz alen, léiwe Mippche vun derselwechter Rass wéi deen aus dem Anton Tschechow senger Erzielung „Die Dame mit dem polnischen Hündchen“. An et war eis schonn net geheier wéi mir dee rv an den Agenda geschriwwen hunn.

A firwat? Et hätt jo kënne sinn, dass d’Déier anzwousch widder komm war wou et sech blesséiert hätt an dass dann aus där Bless e Schwier gi wier?

“Esou eppes an deem Genre hätte mir als Zenario fir d’Ursaach vun där ominéiser Bommel och gär gehat. Mee d’Honey war - well et ni richteg leefeg gouf - net kastréiere gelooss ginn. A leider war dunn och direkt kloer wat et fir déi butzeg Patientin gelaut hat, wéi seng Meeschtesch et mam Bäichelchen no uewe gedréint fir ze ënnersiche präsentéiert huet: d’Honey hat eng fatzeg Tumeur bei de Mamen, grouss wéi eng Mandarine, wat un deem butzege Mupp dramatesch eriwwerkoum. Och un den anere Mame waren eng sëllege Knippercher ze frieden. Mat enger Röntgen ware scho Metastasen op senge Longen ze gesinn. Fir dat 15 Joer aalt Déier nach chirurgesch ze behandelen hat kee Sënn méi. Mat Medikamenter géint de Wéi an d´Infektioun gëtt d’Honey elo a Rou déi Zäit liewe gelooss, déi di Krankheet him nach léisst, déi mat enger fréier Kastratioun garantéiert ze verhënnere gewiescht wier.”

Back to Top
CIM LOGO