
Mir fannen Orange bei Sonnenënnergäng, Uebst, Feier a waarmen Hierschtfaarwen. Et ass eng Faarf, déi sech gutt mat engem Gefill vu Liewen a Beweegung verbënnt, Patricia Lippert:
Jo, ech mengen et huet mat Wuelbefannen ze dinn an. Et ass appetittureegend, hunn ech mer soe gelooss, iwwerall, an der Restauratioun gëtt Orange gebraucht. Mee mir nennen an Europa déi Faarf eréischt Orange, säit mer eng "Apfelsine" kennen. Well virdrun hu mer déi Faarf guer net Orange genannt. Mir hunn déi Faarf Gelb-Rot genannt.
An dann hu mer och déi kulturell Säit. Orange a seng Nuancen hunn a verschiddene Länner a Reliounen eng wichteg Symbolik. Besonnesch a Südasie spille safran- an orangefaarweg Téin eng grouss Roll am reliéisen a spirituelle Kontext.
Et ass meng Liblingsfaarf, do brauch een nëmmen hei a mengem Living ze kucken, en orange Schaf, eng orange Couche, vill Orange. Och kombinéiert mat anere Faarwen, mee vill Orange. Also ech hunn Orange immens gär. Orange ass Liewensfreed, Positivitéit, awer och Kraaft. Et ass eng ganz spirituell Faarf am Buddhismus, de Mënschen hir Seiden Togaen, déi sinn och orange.
Och an der Reklamm gëtt Orange gären agesat. Et ka spontan, jonk an dynamesch wierken. Eng orange Verpackung soll Energie a Spaass vermëttelen. Mee Orange huet och eng praktesch Säit: Et soll gesi ginn. Warnwesten, Rettungswesten, Chantieren oder Sécherheetsausrüstung si meeschtens net orange well d'Faarf besonnesch schéin ass, ma well dës Faarf sech staark vum Ëmfeld ofhieft. Dat mécht aus der waarmer frëndlecher Faarf gläichzäiteg eng Faarf vun der Opmierksamkeet.