DéierentippPostoperativ Katastroph

Patrick Greis
Wann ee mengt eng Operatioun wier gegléckt.
© RTL

Am Fong haten dem Susy seng Leit jo alles ganz richteg an och am richtege Moment gemaach. Déi kleng Europäesch Tigerkaz ass mat engem hallwe Joer an d’Praxis bruet gi fir ze steriliséieren. Dat well si doheem schonn nuechtelaang gehuerelt a sech och soss beholl huet, wéi eng ferm kuedereg Kaz. A well et bei weibleche Kazen keng Alternativ derzou gëtt fir eng Mudder entweder jéngeren ze loossen-wat fir d’Susy, dat jo souwisou och nach dofir vill ze jonk war, och wéinst dem Beruffsliewen vu senger Meeschtesch guer net a Fro koum, oder ebe steriliséieren ze loossen.

Net steriliséiert Kazemuddere kréien zu 100% sécher béisaarteg Tumeuren un de Mamen, den Eeërstäck an der Gebärmutter. Et huet een deemno do also guer kéng Wiel, déi OP muss einfach sinn. Esou och fir dat klengt Susy.Mee wéi d’Meeschtesch mat hirer Kaz an d’Post-OP-Kontroll koum, mat dem gudde Rapport, dass hatt erëm ganz wéi ëmmer wier a spillen a friesse géif, wéi wann iwwerhaapt näischt gewiescht wier, ass d’Déierendoktesch, beim Bléck op säi Bauch bal ëmgefall vu Schreck.

Déi kleng Zatz hat sech klammheemlech all Fiedem vun der baussechter Hautwonn wéi och déi meeschte vun der Ënnerhaut selwer gezunn an och soss de frësch operéierten Tissu mat senger rauer Kazenzong verschafft, dass et nach just eng Attack op d’Fiedem vun der allerbanneschter Bauchwand gebraucht hätt fir d’Geträips erausfalen ze dinn. Glécklecherweis ass et ganz rar, dass Kazen déi onbännech Roserei weise sech d’Fiedem fortzerappen a sech selwer wéi ze dinn. D´Susy huet misse nei gebitzt ginn an ass dunn mat staarke Berouegungsmëttelen an engem ganz feste Collier esou laang hospitaliséiert bliwwe bis alles ganz geheelt war.

postoperativ Katastroph

Back to Top
CIM LOGO