
Wa mir an de Restaurant ginn, kënne mer meeschtens vun enger gutt gefëllter Menüskaart erauswielen, wat eis schmaacht. D’Muppen a Kazen mussen huelen wat se virgesat kréien, oder si zerwéieren sech selwer, wéi an dësem Fall aus der Praxis vun der RTL-Déierendoktesch Romi Roth.
De jonke Labrador-Ritt Jimmy hat fir säin Alter schonn eng gutt gefëllte Patiente-Fiche. Um Wee vum Ziichter fir a säin neit Doheem hat en als Mupp eng Tut schwaarz Schockelaseeër am Auto fonnt an dowéinst de Mo eidel gemaach kritt. Dono war et ee Kéipchen Zigarettestëmp, un deenen hien bal gestuerwe war. An elo koum d’Ufro, den Jimmy hätt e puer Pouletshämmercher mat Schanken verhaft, wat een elo do maache misst.
Do gëtt d’Déiereléift dann awer dacks op eng haart Prouf gestallt?
Gekachte Pouletsschanken ginn nawell gär beim zerknaen zu spatzen a schaarfen Deeler, déi an den Daarm picken an dobäi esouguer perforéiere kënnen. De sou genannte Friemkierper-Kramp huet séier missen evitéiert ginn, mat deem d’Daarmwand sech ganz fest ëm esou Schankestécker spaant an domat alles nach méi schlëmm maache kann. Vun engem Noper krut ee gesot, gekachte Poretten géifen hëllefen. Well awer Poretten zu de Zwiwwelplanzen zielen, déi alleguer eng déidlech Anemie bei Honn an aneren Déieren maache kënnen, huet mat däer Päerdskur ganz séier missen opgehale ginn. Um Regime fir déi nächst Deeg waren dunn mielzeg Gromperen mat Sauermous a Béchsefleesch, zesumme mat krampléisende Medikamenter a ganz vill Trëppeltier bei all Wieder. Déi kleng Schanken koumen dunn noeneen eraus, mee de Jimmy wäert elo där geféierlecher Schlabäizercher soubal keng méi ze fanne kréien.
geféierlech Mäifelcher