DéierentippProblemer mat de Nieren

Patrick Greis
Et gëtt Gemeinsamkeeten tëscht Mënsch an Déier, Krankheeten, déi hir Zäit brauchen bis se sech weisen, an dann ass et meeschtens schonn ze spéit.
© RTL

Et gëtt Gemeinsamkeeten tëscht Mënsch an Déier wann et ëm d’Gesondheet gëtt. Krankheeten, déi hir Zäit brauchen bis se sech weisen.

d’RTL Déierendoktesch Romi Roth mat engem aktuelle Fall aus der Praxis, deen nach emol gutt ausgaangen ass.

Wann den Harvey, e Pruecht-Labrador-Ritt op ee Canapé oder Bett héich sprange wollt, huet hien op eemol matten am Ulaf gebremst, haart gebierelt an ass da léiwer um Tapis bliwwen. Op sengen Tierercher huet hien no e puer Meter e Bockel gemaach a seng Leit nees heem gezunn. Wéi hien och ugefaangen huet, mam Fudder ze lepsen, huet seng Meeschtesch de siwe Joer ale, net kastréierte Ritt awer emol an d’Praxis bruecht. D’Madamm hat de Verdacht, den Harvey hätt einfach Misär wéinst enger leefeger Nopesch-Mudder an dowéinst vläicht och seng Prostate geschwollen, wat effektiv och hätt kënne sinn a mat enger Kastratioun liicht ze behiewe gewiescht wier.

An et gëtt jo haut och d’Méiglechkeet vum chemeschen Kastréieren, ouni OP?

Dem Harvey seng Prostate war ganz normal. Mais mat de Labos- an Ultraschallënnersichungen gouf kloer, dass de Ritt eng béidsäiteg Nierebecken-Entzündung hat. Well dat séier eng chronesch, definitive CNI=Niereninsuffizienz maache kann, huet den Harvey séier missen hospitaliséiert an intensiv behandelt ginn. Fir Hausdéieren gëtt et nach keng Dialyse, dowéinst gi Patienten wéi den Harvey dann ganz vill intravenéis gebaxtert. Den Harvey hat Gléck am Ongléck: no e puer Deeg ware séng Wäerter scho vill besser an hien konnt mat speziellem Niere-Régimm an engem Protokoll fir Kontrollen all Woch fir di nächst puer Méint, nees heemgoen.

Back to Top
CIM LOGO