
Rout ass eng ganz intensiv Faarf, déi séier Opmierksamkeet fënnt. An der Natur kann et e Signal sinn - en zeidegt Uebst, Blutt, eng Blumm oder bei verschiddenen Déieren eng Warnung. Mir hunn eis dru gewinnt, dass Rout heescht: "Kuck hei! Hei ass eppes Wichteges". Rout ass awer net nëmmen d'Faarf vu Gefor, ma rout gëtt dacks mat Léift, Leidenschaft, Wonsch, awer och Roserei verbonnen. Rout, wéi och vill aner "äerdeg" Faarwe fanne mer iwwerall an der Natur, Patricia Lippert:
Déi éischt Hielemolereien, wéi zu Lascaux, oder Grotte Chauvet an och op anere Kontinenten, déi 40- oder maximum 50000 Joer al sinn, esou laang huet sech dee Pigment gehalen an dat waren Äerdpigmenter. Och déi ägyptesch Relieffer, dat sinn all Zorten Ocker, bis zu engem richteg déiwe Raschtrout. Bis zu quasi engem Rout, jo, déi hues de an der Äerd fonnt.
Well Rout eng Primärfaarf ass, léisst se sech net duerch Mësche vun anere Faarwe produzéieren a gëtt primär duerch Mineralien, Planzen, oder Insekten hiergestallt.
Beim Rout ass et jo dann och déi Laus, déi op de Kaktussen ass. Déi kriss de elo nach zu Lanzarote ze kafen. Ech mengen, si ass am Campari an an allen Aperitiven, déi net alkoholesch sinn, déi genau sou rout sinn. Am Lëppestëft, do ass iwwerall nach déi kleng Laus do ze fannen. An dann gëtt et déi purpur Schnecken, wat dann och eppes Seelenes ass aus dem Mier.
D'Bedeitung vu Rout ass awer net iwwerall déi selwecht. Dat weist och dass d'Faarwe keng universell Sprooch schwätze, mee mir hir Bedeitung duerch Kultur an Erfarung léieren. A China ass Rout zum Beispill eng ganz positiv Faarf, déi mat Gléck, Feierlechkeet a Wuelstand verbonnen ass an eng wichteg Roll bei Zeremonie spillt. Rout wëll also net onbemierkt bleiwen, si alarméiert, zitt un, kann awer och warnen. Eng Faarf, déi weist dass mer d'Welt net nëmme gesinn, ma och deem wat mer gesinn eng Bedeitung ginn.