
An do ass et nieft dem Budget och d’Motorisatioun déi eng wichteg Roll spillt, Frank Maas vum ACL:
“Hei geet d’Offer vum thermeschen Auto iwwert di verschidden Hybrid-Systemer, bis zum reng honnert Prozent elektreschen Auto. An dofir ass et och wichteg, sech schonn am Viraus ze froen, wat fir Uspréch een un en Auto huet, wat de Fuerprofil ass an, zum Beispill, ob een op eng Ladeinfrastruktur kann zréckgräifen, wann ee sech wëll e Plug-In-Hybrid oder e reng elektreschen Auto zouleeën.”
Da sollt een och net direkt op déi éischt bescht Offer sprangen:
“Et soll ee sech och net ënner Drock setzen a roueg Zäit loosse fir déi verschidde Modeller, d’Ekipementer an och d’Offere mateneen ze vergläichen. An de Festival bitt eigentlech heifir eng excellent Geleeënheet wou een och d’Méiglechkeet huet fir d’Autoen ze probéieren. An dat ass och ganz wichteg, well hei kann ee feststelle wéi d’Fuerverhalen ass, ob de Motor staark genuch ass, ob ee genuch Plaz huet am Auto, gutt erausgesäit an eeben ob den Auto och nach a seng eege Garage passt.”
E klengen Detail deen effektiv net ze ënnerschätzen ass an un deen ee vläicht net onbedéngt denkt. Wann ee sech da bis decidéiert huet, dann heescht et de Kontrakt ze ënnerschreiwen an do sollt een oppassen, dass alles dra steet wat wichteg ass:
“De Präis vum neien Auto, déi richteg Ausstattung, d’Reprise an de Liwwerdatum soll een am Kontrakt schrëftlech festhalen. Wann de Liwwerdatum vum neien Auto net kann agehale ginn. An dofir ass et och wichteg, dass sech näischt méi um Präis vum neien Auto an och vun der Reprise ännert. Wann de Vertrag bis ënnerschriwwen ass, dann ass dësen gülteg.”
Dat heescht, och als Client kann ee sech d’Saach dono net méi einfach anescht iwwerleeën. A wann ee sech onsécher ass, da sollt ee wëssen, dass een als Member beim ACL och kann op eng neutral an objektiv Berodung zréckgräife kann.”
“Mir sinn eis beim ACL bewosst wéi schwiereg et ass fir wierklech de richtege Choix ze treffen. Dëst ass zum Deel bedéngt duerch déi vill Modeller an anersäits och duerch déi verschidde Motorisatiounen déi ee wierklech genee zu sengem Fuerprofil soll eraussichen. An dofir proposéiere mir eng individuell, objektiv an neutral Berodung fir eis Memberen déi et engem vereinfacht, trotz der Komplexitéit, déi passend Auswiel ze treffen.”
Et wier jo wierklech blöd, wann deen neien Auto herno net géing de Wënsch a Besoinen entspriechen.