
An der lescht huet de Siam-Mix Simba sech heiansdo komesch beholl: Wann zum Beispill emol Iesssaachen a Sëlwerpabeier gepaakt oder bei der Spull e bësse Geschier unenee geklabbert ass, huet hien eppes wéi eng Kris gemaach. Fir d’éischt ass de jonke Kueder da wéi een agefruerent Computer-Bild riicht stoe bliwwen an huet an d’Eidelt gestuerkt. Dono huet hie mam Kapp gerëselt, geknätscht, vill Spaut verluer an ass dann ëmgefall an huet grouss a kleng ënnert sech gemaach. Seng Meeschtere fäerten hire Simba hätt eng Tumeur am Kapp.
De Simba hat awer just e FARS, ‘Felin Audiogen Reflexepilepsie’ – kléngt méi schlëmm wéi et ass. Grad wéi de Kueder Tom aus der Mickeymaus, wann d’Maus Jerry Rämmidämmi schléit. Just dass de Kaméidi, deen de Siames hei stéiert awer net deemno haart ass?
Nee, et si vill méi zimmlech lues awer héichfrequent Geräischer, déi des Zort vun Epilepsie bei de Kaze maachen. Virun allem Frequenzen aus dem Ultraschallberäich suergen derfir, dass d’Nerve bei de kranke Kaze liicht chronesch degeneréiert sinn a sou geckeg spillen.
Well de Simba e puer där Krisen den Dag gemaach huet, hu seng kriddeleg Nerve misse mat engem ‘Antiepileptikum’ therapéiert ginn. Zanterdeem huet hie keng Attack méi gehat. Mais zimmlech sécher muss hien dat Medikament awer elo bis u säi Liewensenn kréien.
Tom a Jerry Syndrom bei der Kaz