Am TaktVill nei Lëtzebuerger Musek

Loïc Juchem
An de leschte Wochen ass vill nei Lëtzebuerger Musek erauskomm, ënnert anerem vum Maale Gars, Josh Island an Iceleak.
© Grafik RTL

An der Radio-Emissioun “Am Takt” präsentéiere mir iech Méindes Owes tëscht 19h30 an 21h00 nei Lëtzebuerger Musek. Dës Woch ass dat neit Lidd “Don’t Pull Yourself Down” vum Josh Island en Thema gewiescht. De Josh Island Singer-Songwriter aus Lëtzebuerg, ass zeréck mat enger neier Single – an dat tëscht Tournéeën an der Tierkei an Indien! Säin neit Lidd ass eng hoffnungsvoll, berouegend Ballad. Et ass schonn déi véiert Single vu sengem nächsten Album “Imaginary Borders”, deen de 6. Mäerz 2026 erauskënnt. Um Album ass awer och d’Single “Courage” drop.

Och nei Musek vum Maale Gars gouf et - “E klenge Low”. De Maale Gars invitéiert iech op eng Missioun am Weltall: “Macht iech prett fir eng musikalesch Rees voller Gefiller, Humor an engem klengen Touch Chaos. Seng Release-Party vum neien Album “Iwwert mech” ass den 30. Abrëll 2026 an de Rotondes.

Op Besuch am Studio war de Laurent Du Luxembourg. De Sänger hat et elo scho puer Mol versicht beim Luxembourg Song Contest mat dobäi ze sinn, et ass awer nach ni duergaange fir de Jury ze iwwerzeegen. Elo huet hien awer mol en éischt Lidd erausbruecht an ass trotz Réckschléi motivéiert ëmmer weider ze maachen. “Time after Time” nennt sech säi Lidd, e Lidd wat hie sengem Partner quasi geschenkt huet.

Am Takt: Mam Laurent du Luxembourg

Dernieft gouf et nei Musek vum Larry Bonifas, dem DJ Duschti, Iceleak a Flowmaart.

Alleguerten d’Lidder aus der Emissioun kënnt der hei nach eng Kéier lauschteren:

Back to Top
CIM LOGO