
Vitaminn D spillt ënner anerem eng wichteg Roll fir eis Schanken an eisen Immunsystem. Besonnesch an der däischterer Joreszäit gëtt en dofir fir vill Leit nees zum Thema. Dem Dokter Nico Haas no ginn et donieft Etüden, déi sech mam méiglechen Afloss vu Vitaminn D op eng Rei aner Krankheeten a Gesondheetsproblemer beschäftegen. Hie nennt ënnert anerem Sclérose en plaques, Typ-2-Diabetes, Häerz-Kreeslaf-Krankheeten, Infektioune vun den Otemweeër an Daarmkriibs.
Eng einfach Äntwert, déi fir jidderee gëllt, gëtt et dem Dokter no net. Wéi vill Vitaminn D een an de Wanterméint brauch, hänkt och dovunner of, wéi vill de Kierper iwwer d'Sonn produzéiert huet. Fir iwwer d'Sonn Vitaminn D ze produzéieren, muss d'Haut der Sonn ausgesat sinn. Dem Nico Haas no sollten dofir op mannst d'Gesiicht an d'Äerm bis bei den Ielebou fräi sinn. An et soll ee sech natierlech och duerch d’Sonn goen.
Ob ee Vitaminn D moies oder owes anhëlt, spillt dem Dokter no keng grouss Roll. Méi wichteg ass, datt een en zesumme mam Iessen anhëlt.
De Grond: Vitaminn D ass fettléislech. Dofir soll beim Iessen och eppes dobäi sinn, wat Fett enthält fir d'Resorptioun ze ënnerstëtzen.
Dacks ginn och Supplemente ugebueden, déi Vitaminn D mat Vitaminn K2 kombinéieren.
Dem Nico Haas no sinn déi zwee complementaire. Vitaminn K2 soll dobäi hëllefen, datt d'Kalzium méi geziilt dohinner kënnt, wou et gebraucht gëtt, wéi bei d'Schanken an d'Zänn. Seng Conclusioun ass awer kloer: Et kann een K2 derbäi huelen, et muss een awer net. Och Kalzium spillt an deem Zesummenhang eng Roll. Dëse Bausteen fënnt een ënner anerem a Mëllechprodukter.
Well Vitaminn D wéi gesot fettléislech ass, kann en am Kierper gespäichert ginn. Doduerch ass et prinzipiell méiglech, ze vill dovunner opzehuelen.
Als méiglech Konsequenz nennt den Dokter eng Hyperkalzemie, also en ze héije Kalziumspigel am Blutt. Dat ka seriö Konsequenzen hunn, dorënner Steng an och Häerzproblemer. Dofir soll ee bei Supplemente net einfach nom Prinzip "méi ass besser" virgoen.
Och bei Kanner ass Vitaminn D an den Hierscht- a Wanterméint en Thema. Wéi vill néideg ass, soll individuell gekläert ginn. Wie Vitaminn D vum Dokter verschriwwe kritt, ka jee no de gültege Konditioune vun enger Prise en Charge vun der Gesondheetskeess profitéieren.