Och 2026 sinn si erëm an der Luxexpo20 Joer Wäifoire vun de Vignerons Indépendants Nouvelle Aquitaine

IPL - sponsored content
Sympatesch Renconteren, vill Savoir-Faire, a gutt Wäiner fënnt een dës Woch an der Luxexpo The Box.
© Féd. des vignerons indépendants Nouvelle Aquitaine

Inside News Coplaning & Vignerons Indépendants 29.01.26

Zanter e Mëttwoch 28.01.2026 ass d’Wäifoire mat den onofhängege Wënzer aus der Nouvelle Aquitaine an der Luxexpo. Déi geet bis e Sonndeg an et ass schonn déi 20. Kéier datt se op Lëtzebuerg kommen. D’Nei Aquitaine ass déi gréisst Wäiregioun a Frankräich, an dës Wäiner kommen och zu Lëtzebuerg gutt un. Et versprécht och dëst Joer erëm e flotten Echange mat de lokale Wënzer aus Frankräich ze ginn: Et gëtt vill ze schmaachen an och Spezialitéite wéi Kéis a méi aus Frankräich. Oder an de Wierder vum Präsident Daniel Mouty: „Il y a le vin, il y a la dégustation, il y a la découverte, et il y a l’homme. Il y a une histoire.” Dëst Joer hunn si och extra méi laang op fir datt een och no der Aarbecht kann op eng gemittlech Degustatioun bis laanscht kann. E Freideg an och e Samschdeg den 30.01 ass dofir bis 9 owes op. Gitt se besichen an der Luxexpo The box, dat bis e Sonndeg 01.02 nach mat. Méi Detailer fannt dir hei.
De ganzen Interview mam Präsident Daniel Mouty lauschtert der hei:

Interview Daniel Mouty - Vignerons Indépendants Nouvelle Aquitaine 2026

Back to Top
CIM LOGO