
D’Banque Alimentaire Luxembourg a Cactus feieren 20 Joer Engagement géint Liewensmëttel-Aarmut a Verschwendung zu Lëtzebuerg.
Zanter 2006 goufen an de Cactus-Geschäfter iwwer 180 Sammelaktiounen organiséiert, bei deenen duerch den Engagement vu Benevollen, Lions Clubs, Cactus-Ekippen a Clientë méi wéi 633 Tonnen gesammelt Liewensmëttel zesummekomm sinn.
Haut ginn esou ronn 60.000 Leit ënnerstëtzt. Nieft de Sammlungen ginn och nach iessbar Produite gezielt weiderverdeelt, fir Offall ze reduzéieren.
D'Erausfuerderunge bleiwen aktuell grouss. D’Sammlunge spillen eng zentral Roll fir Associatiounen z’ënnerstëtzen a gläichzäiteg d’Leit fir Themen wéi Liewenskäschten, Solidaritéit a Verschwendung ze sensibiliséieren.