Lëtzebuerger Qualitéitsprodukter: eng grouss StäerktCactus lancéiert d'Mark „Vum Lëtzebuerger Bauer“

IPL - sponsored content
Dem Cactus gesäit et als hir Roll Lëtzebuerger Produkter um Marché ze vermaarten. Mat dëser Campagne gi lokal produiten nach méi siichtbar a sinn nach méi einfach ze identifizéieren.
© Cactus

30/06/2026 Inside News mam Cactus

De Cactus feiert 30 Joer Engagement fir lokal Landwirtschaft a lancéiert eng nei Mark: Vum Lëtzebuerger Bauer. Dës Sammlung mécht et méi einfach, lokal Produiten am Geschäft ze erkennen an hir Originn besser ze verstoen.

D'Madamm Véronique Schmitt, Marketingdirektesch vum Cactus:
De Cactus schafft ganz enk mat Produzente vun der lëtzebuerger Landwirtschaft zesummen, iwwer Joren huet sech dat natierlech entwéckelt fir sécherzestellen datt mer lëtzebuerger Produite kënnen eise Consommateuren, eise Clienten ubidden.

Mat 7 Filieren, 188 Produzenten an iwwer 300 Produiten ënnerstëtzt Cactus aktiv d’Landwirtschaft hei am Land. Zanter 1996 steet Cactus fir Transparenz, Nohaltegkeet an eng fair Valoriséierung vun der Aarbecht vun de Baueren. Datt d'Clienten dat och schwätzen ass och an enger Ëmfro vum Cactus bestätegt ginn:

Jo 2025 am Oktober/November hu mer héieren datt 9/10 Clienten déi mer interviewt hunn, hunn effektiv gesot, mir komme gär heihin a mir komme lëtzebuergesch kafen.

Vum Letzebuerger Bauer ass eng Sensibiliséierungscampagne, déi de lokale Konsum stäerke soll an d’Verbindung tëscht Produzenten a Clienten nach verbessert.

Lauschtert de ganzen Interview hei.

Interview mat der Marketingdirektesch vum Cactus, Véronique Schmitt

Back to Top
CIM LOGO