
Car Repair, deen zesumme vun de Gruppe Garage Binsfeld a Garage Winandy leschte Freideg an der Industriezone Wolser opgemaach gouf, ass mat ronn 3.000 m² ee vun de gréissten a modernste Multi-Marke-Karosserieservicezenteren zu Lëtzebuerg.
Egal ob fir Privatclienten, Firmaen, oder Versécherungsgesellschaften - "Car Repair" bitt professionell Reparatur- a Karosserieservicer fir Gefierer vun alle Marken.
Duerch modernst Ausrüstung an déifgräifend technescher Expertise profitéiert een als Client vun engem éischtrangege Service a kuerzen Duerchlafzäiten.
"Car Repair" zu Beetebuerg steet fir Innovatioun, Zouverlässegkeet an eng gemeinsam Visioun vun zwee lëtzebuerger Familljebetriber, déi an d'Zukunft investéieren.
Dir fannt Sie och op Car-Repair.lu