
D’Ecole Privée Sainte-Anne zu Ettelbréck ass eng modern Meederchersschoul mat engem staarke pädagogesche Konzept an enger top equipéierter Infrastruktur. Ronn 1.000 Schülerinne profitéiere vun engem Léierëmfeld, dat op hir individuell Stäerkten ofgestëmmt ass, mat perséinlecher Betreiung, Hausaufgabenhëllef a gezielter Fërderung.
Den deeglechen Asaz vun neien Technologien ass e feste Bestanddeel a preparéiert gezielt op d’Erausfuerderunge vun der digitaler Welt.
Gläichzäiteg leet d’Schoul vill Wäert op Solidaritéitsprojete, déi de Gemeinschaftssënn stäerken. Sou begleet d’Sainte-Anne Meedecher op de Wee zu enger selbstbewosster a verantwortungsvoller jonker Fra an dat eeben ganz nom Motto: Staark Meedercher – staark Zukunft.
Méi Informatioune fënnt een op sainte-anne.lu.