Proteinne sinn net just fir BodybuilderDe Cactus lancéiert déi nei Gamm Protein+

IPL - sponsored content
Gamm Protein+ besteet aus lokal produzéierten Iesswuere mat extra Proteinnen.
© Cactus

03/02/2026 Inside News

Bei Protein+ geet et em Fleeschproduiten, zum Beispill Wäinzoossiss, oder Burger, an och fäerdeg Platen. Hei si bis zu 33 Gramm Proteinnen op 100 Gramm dran. D’Véronique Schmitt, Marketingdirektesch vum Cactus erkläert firwat dës Gamm lancéiert gouf: „un de Cliente gesi mer datt se bei eis méi op Produiten zougräifen déi méi proteinéiert sinn, a gläichzäiteg mierke mer datt mer an enger Welt liewe wou de Consommateur général sech ëmmer méi Froe stellt, wat iessen ech, wat soll ech anescht iessen, wat soll ech méi iessen“.

D’Proteinnen an de Protein+ Produite sinn op planzlecher Basis, wéi Ierbessen a Weess an et ass e lokale Produit fir deen de Cactus mat Moulins de Kleinbettingen an dem Schnékert zesummeschafft.

De ganzen Interview kënnt der um RTL Site nolauschteren.

Interview mam Veronique Schmitt - Cactus

Méi op Cactus.lu

Back to Top
CIM LOGO