Eng grouss Chance fir jonk an al Model-TalenterDe Grand Casting kënnt zeréck an d’Belle Etoile

IPL - sponsored content
Matmaache kann e vu 14 Joer un, ouni Limitt no uewen, an dat och ouni Erfarung am Model-Beräich.
© Belle Etoile

Dëse Samschdeg, de 24. Oktober, kréien zu Bartreng erëm Model-Talenter d'Chance, sech virun engem Jury mat Experten ze beweisen. Dorënner och déi renomméiert Agence Ford Models Paris. Dat Ganzt fënnt Nomëttes vun 1 bis 4 Auer statt. Matmaache kann e vu 14 Joer un, an dat och ouni Erfarung am Model-Beräich. Déi nei Talenter kréien d'Chance, um Model Camp zu Paräis deelzehuelen an esou hire Wee an déi professionell Moudewelt ze maachen. Fir verschidden Talenter kann dëse Schrëtt souguer zu engem Kontrakt mat VICTORIA, der Agence hannert dem Grand Casting, féieren. Esou géif d'Agence si da bei der Entwécklung an der Gestioun vun hirer Carrière ënnerstëtzten, a si mat renomméierten internationale Modelagencen a Kontakt bréngen.

Méi Informatiounen op Belle-Etoile.lu

22/10/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO