
De Kichechef feiert seng 50 Joer. Zanter 1976 begleet de Familljebetrib seng Clienten mat vill Passioun a Fachwësse bei der Gestaltung vum hirem Interieur.
Aus enger klenger Scheier zu Walfer ass eng Referenz an der Groussregioun ginn, an dat an de Beräicher Kichen, Miwwelen, Dekoratioun a Beliichtung.
Bekannt gouf d ’Mark och duerch d’RTL-Emissioun «De Kichechef» an den 90er Joren. Säit 2019 féiert déi zweet Generatioun d’Entreprise weider a bréngt modern Iddien an, ënner anerem och mam Online-Shop.
Dëst Joer invitéiert de Kichechef seng Clienten de Gebuertsdag matzefeieren, an dat mat enger Offer vun -20 % um ganze Buttek vum 11. bis de 13. Juni. All Konditiounen zu dëser Offer fannt Dir am Geschäft.