Vum 01. Abrëll bis de 31.Oktober 2026De Päiperleksgaart ass nees op

IPL - sponsored content
Eng nei Saison an dat direkt mat zwou Neiheeten
© Päiperleksgaart

En ass bis den 31. Oktober nach mat op an dat riicht duerch, dat heescht och Weekends a Feierdeeg kann een an de Päiperlecksgaart goen.

An enger faarweger Planzewelt fléien sëlleg tropesch Päiperleken duerch d’Gewächshaus a suerge fir roueg an onvergiesslech Momenter fir déi ganz Famill.

Nei an dëser Saison sinn eng Seechomessekolonie am klenge Gewächshaus an de renovéierten Elefant „Valentin“ virum Gaart.

Informatiounspanneauen an e gratis Audio-Guide komplettéieren de Besuch.

An nieft dem Gaart sinn natierlech och de beléifte Shop an d’Brasserie fir e gudde Maufel do. De Päiperlecksgaart ass ee vun 8 Ateliere fir professionell Inklusioun vun der Yolande Coop. An am Shop ginn dann och flott Artikele vun aneren Ateliere verkaaft.

Ticketen am beschten online op papillons.lu reservéieren.

16/04/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO