Eng Woch am Zeeche vun der FraegesondheetDéi éischt Editioun vun der "Semaine de la Santé de la Femme"

IPL - sponsored content
Konferenzen, Atelieren a Sensibiliséierungsaktioune vum 1. bis de 7. Juni.
© Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet

De Ministère fir Gesondheet a sozial Sécherheet lancéiert déi éischt Editioun vun der „Semaine de la Santé de la Femme“ zu Lëtzebuerg.

Vum 1. bis de 7. Juni sti vill Evenementer um Programm, organiséiert zesumme mat Partner, Associatiounen a Professionellen aus dem Gesondheetssecteur.

Krankheetssymptomer vun de Frae ginn dacks banaliséiert an dat soll a ka net sinn.

D'Zil vun der Initiativ ass et, méi Bewosstsinn ronderëm d’Fraegesondheet ze schafen, iwwer wichteg Themen ze informéieren an Tabuen unzeschwätzen.

Gläichzäiteg soll den Austausch tëscht Expertinnen an dem Public gestäerkt ginn. Konferenzen, Atelieren a Sensibiliséierungsaktioune bidden de Participanten Méiglechkeet, sech aktiv ze informéieren an hir Gesondheet méi bewosst an Hand ze huelen an sech domadder auserneenzesetzen.

Weider Informatiounen an de ganze Programm fannt dir op santésécu.lu.

21/05/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO