Vum 6. bis 16. OktoberD’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung invitéiert op « Colors of Blindness »

IPL - sponsored content
Hiere Motto ass Maacht d'Aen zou... a nei Perspektiven op!
© Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung

D’Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung invitéiert op « Colors of Blindness » vun haut un !
Dëst sinn eng Rei vun immersiven an interaktiven Evenementer, fir ze entdecke wéi et ass d’Welt net sou gutt ze gesinn!  Dëst leeft bis de 16. Oktober.
Hiere Motto ass Maacht d'Aen zou... a nei Perspektiven op!
Um Programm sti praktesch Workshops iwwer Hëllefsmëttel am Alldag, Informatiounskonferenzen an dëse Weekend esouguer e spillerescht Sensibiliséierungsduerf am Fräien am Park zu Miersch.
Test Är Gläichgewiicht, huelt Erausfuerderungen un an erlieft eng eenzegaarteg Erfarung!
Entdeckt de komplette Programm a mellt Iech gratis un op cob.flb.lu

06/10/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO