
Am Shopping Center Belle Etoile geet et zanter leschtem Donneschden 16.04.2026 u koreanesch zou: D’Maison de la Culture Coréenne huet do d’Ausstellung „K-POP MANIA – Korean Festival“ ageweit a Präsenz vum koreeaneschen Ambassadeur an dem lëtzebuergeschen Ausseminister.
Dir kënnt selwer nach bis kucken a souguer matmaache goen. D'Ausstellung leeft bis den 25. Abrëll. D’Expo weist Reesen, Bicher, K-Beauty a K-Food. Ob dir Korea Fan sidd oder net gëtt et hei ob alle Fall vill ze kucken. Et gi Workshops zum Beispill fir Masken ze molen, traditionel Porte Clefen a K-Pop Danzcoursen an en Danz-Concours um Samschdeg.
Eng ganz speziell Stëmmung also an der Belle Etoile nach dës Woch.
Weider Informatioune ënner be.lu.