
Hutt Dir schonn emol eppes vum Dommendéck héieren? Vum Hauwendaucher? Oder vum Feldspatz? De kennt dir bestëmmt !
Si 3 streiden sech em dee selwechten Titel: Vull vum Joer 2027. An Dir kënnt dee mat ärer Stëmm wielen!
Op naturemweltasbl.lu fannt dir alleguer d‘Detailer an Erklärungsvideoen zu den 3 Vullen:
Den Hauwendaucher, deen seng Jonk um Réck transportéiert.
De Feldspatz, deen d’Leit dacks mat sengem Kolleeg dem Hausspatz verwiesselen.
An den Dommendéck, deen als klengste Vull vun Europa eng Zort Maskottche fir Natur&Ëmwelt ass.
Vum Gewënner gëtt dann e Pechbild rausbruecht.
Also, maacht mat a stëmmt of op naturemwelt.lu !