
Säit dem 1. Juli 2026 bitt d‘Luxair zesumme mat Foyer Assurances, senge Passagéier eng optional Reesverschécherung beim Online-Buchen un.
Jee no Versécherungsbedéngunge, gi mat dëser Reesversécherung net just Är elektronesch Apparater ofgeséchert, mee och Verspéidungen, Gepäckproblemer a medezinesch Noutfäll. Am Fall vun engem Schued, geet et duer ganz einfach iwwer d’MyFoyer-App ze deklaréieren an do kann et och verfollegt gi.
Mat dëser Kollaboratioun suerge Foyer a Luxair fir eng méi einfach a méi komfortabel Rees.