
Zënter dem 1. Juli stellt d’Bäckerei Jos & Jean-Marie Aachtercher an Éclaire mat engem Schockelaspudding hier, deen aus der Schockelasmëllech vu FAIRMËLLECH produzéiert gëtt. Dës Zesummenaarbecht passt perfekt zur Missioun vu FAIRMËLLECH: D’Mëllechbaueren bréngen de Konsumenten hir Wäerter méi no a setzen sech fir eng fair Entlounung vun hirer Aarbecht an, fir esou d’Zukunft vun hire Betriber ze sécheren. Mat der Bäckerei Jos & Jean-Marie entsteet eng staark regional Partnerschaft. Hei trefft Lëtzebuerger Mëllech op lokalt Handwierk a gëtt zu neie Produiten verschafft, déi Regionalitéit a Genoss matenee verbannen.
Déi nei Produite goufen am Kader vum 15. Anniversaire vu FAIRMËLLECH op der Foire Agricole zu Ettelbréck virgestallt a sinn elo an alle Geschäfter vun der Bäckerei Jos & Jean-Marie ze kréien.