
Mat iwwer 140 Aussteller aus ganz Europa fannt Dir hei alles wat Dir fir Äre Gaart oder Äert Haus braucht. Vill Produite kënnt Dir direkt op der Plaz kafen, an
Dir profitéiert och zousätzlech vu spezielle Remisen. Kanneranimatioun an e grousse Foodcorner bidden zousätzlech eppes fir Grouss a Kleng.
Ganz nei dobäi ass de Mystic Garden en 600 m² grousst Zelt, wou Sonndes den Epic Garden Festival, e Concert mat internationalen DJ’s stattfënnt, dorënner als Headliner d'DJ Mattn.
Entdeckt och den neie Showroom "OutdoorLiving", mat enger grousser Auswiel u Miwwele fir Äre Gaart oder Är Terrass.
D’Foire ass Samschdes bis Sonndes vun 9:00 bis 17:00 Auer op.
Weider Informatioune fannt Dir op maison-jardin.lu.