
D’Théâtres de la Ville de Luxembourg hunn hir Saison 26/27 virgestallt, an dat mat engem diverse Programm aus Theater, Danz, Oper a kreativen Entdeckungen.
Am Mëttelpunkt sti grouss Themen, déi sech duerch déi ganz Saison zéien. Dobäi gehéieren ënner anerem de Cycle „Objection !“, deen sech mat Gerechtegkeet a Verantwortung auserneesetzt, an „generations of love“, e Festival ronderëm Léift, Diversitéit an Inklusioun.
D’Saison start de Weekend vum 26. a 27. September mat engem Happening am Foyer vum Grand Théâtre, dat de Public aktiv mat abënnt. Kënschtler, Associatiounen a Bierger kommen dobäi zesummen. D'Abonnementer an de Saisonprogramm si schonn disponibel.
Weider Informatiounen fannt Dir op lestheatres.lu.