
Scho fir déi 5. Kéier organiséieren d’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren de Bauerenhaff an der Stad – dëst Joer nach méi grouss a méi flott um Glacis. Hei kritt de Public, besonnesch Stater Leit, en Abléck an d’Aarbecht um Feld, an de Stall an an dat ländleche Beruffsliewen.
Fir all Alter ass eppes dobäi: Kanneratelieren, Déieren a Maschinnen, souwéi e klenge Maart mat lokale Produzenten.
E variéierte Programm zitt sech iwwer de ganze Weekend do ass Show‑Cooking, Concerten, enger feierlecher Ouverture an engem Afterwork mat dobäi.
Den Tram hält dann och um Tramsarrêt Theater wat praktescher Weis direkt virun der Entrée ass.
All Infoe fannt dir op jongbaueren.lu.