
De Mersch@work Jobdag vun der Gemeng Miersch fënnt dësen Donneschden, de 5. Mäerz 2026, vun 9 Auer moies bis hallwer 6 owes um Mierscherbierg am Shopping Zenter statt. Et ass fir jiddereen op, a bitt dëst Joer e breede Mix vu Beruffer.
Mersch@work ass regional orientéiert, ma och vill national a grouss Betriber si mat vertrueden. Hei erwaarden Iech ronn 35 Betriber mat iwwer 540 Aarbechtsplazen aus de Beräicher Handwierk, Gastronomie, Administratioun oder och IT a méi.
Informéiert iech a kommt a Kontakt mat den Employeure fir är nächst Karriär.
All d’Betriber a praktesch Informatioune fannt Dir op mersch.lu.