Am Mondorf Domaine ThermaleODYSEE: den neie Gesondheetsprogramm fir Iech

IPL - sponsored content
Et huet ee just 1 Gesondheet!
© Mondorf Domaine Thermal

Mondorf Domaine Thermal lancéiert ODYSSÉE, en neie Gesondheetsprogramm iwwer 24 Wochen, deen de Mënsch an den Zentrum stellt. D'Participante starte mat engem komplette Check-up, bei deem verschidde Gesondheetsfacteuren analyséiert ginn – vu Mobilitéit a Gläichgewiicht bis hin zu Kraaft, Ausdauer a kierperlecher Verfassung. Op Basis vun dëse Resultater gëtt e perséinlech zougeschniddene Programm ausgeschafft.

Wärend sechs Méint gi si individuell vu Fitness-Coachen an Dieteticienne begleet. Nieft kierperlecher Aktivitéit spillen och Ernärung an alldeeglech Gewunnechten eng wichteg Roll. D'Zil ass net nëmmen d'Form ze verbesseren, mee virun allem d'Gesondheet nohalteg ze stäerken an de Leit d'Méiglechkeet ze ginn, selwer aktiv eppes fir hiert Wuelbefannen ze maachen.

Um Enn vum Programm gëtt en neie Bilan gemaach, fir déi erzielte Fortschrëtter konkret ze moossen. Mat ODYSSÉE wëllt Mondorf Domaine Thermal de Fokus op Preventioun setzen an d'Leit op hirem Wee zu engem méi gesonde Liewensstil professionell begleeden.

7/7/2026 Inside news Mondorf Domaine Thermal

Back to Top
CIM LOGO