Genéissen un der MuselPrivatwënzer Lëtzebuerg lueden an

IPL - sponsored content
Op eng exklusiv Wäindegustatioun zu Éinen an engem Walking-Dinner op der M.S. Marie Astrid.
© Privatwënzer Lëtzebuerg

Dëse Freiden, den 8. Mee, erwaarden Iech zu Éinen zwee Erliefnesser an dat direkt un eiser schéiner Musel.
Vun 11 Auer moies bis 4 Auer nomëttes genéisst Dir eng exklusiv Wäindegustatioun mat de Privatwënzer Lëtzebuerg, direkt beim Waasser an dat an enger relaxer an authentescher Atmosphär.

Vu 5 Auer nomëttes geet et dann kulinaresch weider: mat engem gastronomesche Walking-Dinner u Bord vun der M.S. Marie Astrid. Op sechs Stoppen genéisst Dir sechs exklusiv Platen, kreéiert a mat Léift preparéiert vu renomméierte Käch.
Begleet gëtt den Owend vu feine Wäiner déi bei d’Plate passen an dat an enger musikalescher Ambiance vu “Saxy Lounge” a Fernand Neumann.

D’Plaze si limitéiert, reservéiert elo op privatwenzer.lu.

05/05/2026 Inside News

Back to Top
CIM LOGO