
Sources Rosport lancéiert mat Rosport Wave eng nei Erfrëschung um Maart: eng spruddeleg, liicht Schorle fir bewosst Genéissen.
D’Gedrénks kombinéiert Drauwen- a Grapefruit-Jus, ass 100% natierlech, ouni zougesaten Zocker an och komplett vegan.
Mat engem reduzéierte Kaloriegehalt trëfft Rosport Wave perfekt den aktuellen Trend no liichte, fruuchtegen Alternativen zu de klassesche Softdrinks.
Nieft dem Goût setzt Sources Rosport och weider op Nohaltegkeet a regional Partner.
Rosport Wave ass elo an enger 0,5L Fläsch oder am Sixpack an de Supermarchéen an iwwerall,wou et Gedrénks gëtt a ganz Lëtzebuerg disponibel.