
D’Associatioun Aluseau an den Ëmweltministère hunn den 2. Mäerz 2026 eng national Sensibiliséierungscampagne „Wat leeft?“ lancéiert. D’Initiativ weist, wéi Ofwaasser zu Lëtzebuerg gesammelt, gerengegt an zeréck an d’Natur geleet gëtt an dass dat nëmme funktionéiert, wann all Bierger*in richteg matmaachen.
Et gëtt erkläert, wat an d’Kanalisatioun dierf a wat net, Frittefett zum Beispill net. Och den Auto doheem ze wäschen ass net optimal well d’Seef do quasi direkt zeréck an d’Baache leeft. Ganz vill weider Infoe ronderëm eis Kanalisatioun fënnt een op ofwaasser.lu einfach erkläert!
Gitt op ofwaasser.lu wou een och all Informatioune fënnt.