
Mat der Verbandskëscht kënnt Dir no engem Spidolsopenthalt nees séier fit ginn.
No enger Interventioun am Spidol ass ee frou, als Patient nees séier heem goen ze kënnen. Mee zumools eeler Leit brauchen nom Spidolsopenthalt dacks nach Ënnerstëtzung, fir sech sécher a gutt ze erhuelen.
Genee do bitt d’Verbandskëscht Hëllef.
D’Ekippe vun der Verbandskëscht begleeden d’Leit doheem a passen d’Hëllef un déi perséinlech Situatioun un: sief et fir eng Wonn ze fleegen, mat gezielten Übunge vun engem Kiné oder fir d’Medikamenter richteg anzehuelen.
Nees gesond gi geschitt do, wou een sech am wuelste fillt: Dat ass doheem. Mat der Verbandskëscht gitt dir gutt betreit a kënnt Äre Kapp a Rou leeën.
Méi op vbk.lu