En Dënschdeg de Moie war d'Gaby Damjanovic eis Invitée vun der Redaktioun.

Inter-Actions geréiert iwwer 30 Servicer am soziale Beräich, huet Maisons Relaisen a Jugendhaiser, hëlleft bei Iwwerschëldung a geet ënnert anerem de Logement-Problem un.

D’Gaby Damjanovic, Presidentin vun Inter-Actions, war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Inter-Actions feiert dëst Joer 40 Joer. Mat enger Betreiung no der Schoul huet et ugefaangen, haut huet een 300 Mataarbechter. D'Regierung géif scho vill maachen, mä Problemer bleiwen.

De Surendettement, also d'Iwwerschëldung, an de Logement gehéieren zu de gréissten Defien, sot d'Gaby Damjanovic. Mam Projet "Coup de pouce" wëll een de Logementsproblem ugoen, u Wunnenge kommen an e Suivi garantéieren.

D'Iwwerverschëldung bleift eng grouss Erausfuerderung. Inter-Actions geet och a Schoulen, fir do scho mat de Kanner ze schaffen. Datt och si manner consomméieren a gewëssenhaft mat hire Suen ëmzegoen.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Gaby Damjanovic

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.