Den Direkter vun der Santé war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

An den nächste Méint ass mat neie Corona-Testmethoden ze rechnen, déi manner invasiv sinn. Et komme warscheinlech „Spauttester“ oder wou e Frottis am Mond gemaach gëtt, net méi hannen am Hals. Dat sot den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit e Méindeg de Moien, hie war eisen Invité vun der Redaktioun. Wéini déi Tester kommen, ass schwéier viraus ze soen. An den nächste Méint dierften och Schnelltester kommen, wou d'Resultat a 15 Minutten do ass. Mä nach wären déi net zouverlässeg genuch.

Antikierper-Tester ginn elo och gemaach, fir ze kucken, wéi grouss d'Immunitéit an der Populatioun ass, wéi vill Leit scho Kontakt mam Virus haten. D'Santé geet dovunner aus, datt de Prozentsaz geréng ass. Virum Summer war ee bei 2 bis 3%, mä et misst een awer wësse wou een drun ass.

Stabel Situatioun zu Lëtzebuerg

Den Ament hätt een eng stabel Situatioun, vill Infektiounen, mä wéineg Leit an de Spideeler. De Contact Tracing géif relativ gutt lafen, sou den Dr. Schmit. Op bis zu 100 Leit kéint een zréckgräifen, e Kär vu Leit mat Erfarung wär ëmmer am Asaz.

Problemer kéinten emol passéieren. Do wou Leit schaffen, kënnen emol Feeler geschéien, huet den Direkter vun der Santé gemengt. D'Santé hätt näischt ze di gehat mat de rezenten Test-Problemer an de Laboen, vun deenen d'Ministesch d'lescht Woch erzielt hat. Do waren déi falsch Leit informéiert ginn. De Problem wär awer séier erkannt a corrigéiert ginn.

Quarantän an de Schoulen

Gekläert ass och elo d'Quarantän an der Schoul, wa just ee Kand oder een Enseignant sech infizéiert. Déi Persoun geet natierlech an Isolatioun. De Rescht vun der Klass geet weider an d'Schoul, mat Mask an ass gebieden, sech an der Fräizäit zréckzehalen. Et hätt een d'Quarantänen ausgeschwat, fir den Elteren entgéint ze kommen, déi da bei hirem Kand hätte kënne bleiwen. Mä d'Situatioun wär elo gekläert: baussent der Schoulzäit kann elo een Elterendeel doheem bleiwen.

Déi partiell Quarantän mat enger Autorisatioun, fir schaffen ze goen, wär net konform zum Gesetz. Mir kruten Ufroen aus anere Beruffssecteuren, mä ech hunn déi all refuséiert, sot den Dr. Jean-Claude Schmit.

Keng Test-Flicht no 10 Deeg Isolatioun

Hien huet och präziséiert, datt et keen negativen Test brauch no den 10 Deeg Isolatioun, wann een also de Virus hat. Wann ee keng Symptomer huet, däerf een ouni Test eraus.

D'Santé koordinéiert jo elo déi 2. Phas vum Large Scale Testing. Et hätt een d’Zuel vun den Drive-In-Statiounen aus Käschtegrënn op d’Hallschent erofgesat, gëtt den Direkter zou.

Op déi skeptesch Stëmmen ugeschwat, huet hien ënnerstrach, datt et hire Rôle wär, fir virsiichteg ze bleiwen. D'Precautiounsmesurë géifen eis déi stabel Situatioun bréngen. Si wäre sécher net all falsch. Et géif ee sech awer och a Froe stellen. Soubal een nei wëssenschaftlech Erkenntnisser hätt, géif een d'Mesuren adaptéieren. Zum Beispill den Isolement ass jo op 10 Deeg erofgesat ginn. De Santés-Direkter versteet, datt d'Leit d'Flemm hunn. Aschränkunge wären ni flott. Mä mir wären elo am Hierscht, wou et nees kéint méi schlëmm ginn.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Jean-Claude Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.