Den neie Chef vum Etat-Major war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wäert een an der Kontinuitéit weiderfueren. Et sinn awer weider Erausfuerderunge bäi komm, dat sot den neie Chef d'Etat-Major vun der Lëtzebuerger Arméi, de Steve Thull. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Déi grouss Erausfuerderunge wieren d'Digitalisatioun an d'Modernisatioun vun den Infrastrukturen, dat heescht vun der Kasär um Härebierg, dem Schéissstand an dem Munitiounsdepot.

An et brauch ee genuch Leit fir all des Defien unzegoen. 1.020 Leit huet een aktuell, 50 weider Zaldote wäre gutt, esou de Steve Thull, plus Offizéier an Zivilpersonal.

D'Haaptaufgab vun der Arméi ass d'Defense vum Land, am Kader vun der Nato zum Beispill. D'Truppe mussen och mam richtege Material a mam richtegen Training prett sinn, huet den neie Chef vun der Arméi ënnerstrach. Och a Krise kéint de Militär hëllefen. Covid, Iwwerschwemmungen oder Tornado wiere Beispiller dofir.

Wat d'Kompetenzen ugeet, schafft een haut scho mat Dronen. Méi grouss Drone sollen an Zukunft awer och kënne gesteiert ginn.

Och den neie Militärsatellit LUXEOSys soll d'Lëtzebuerger Arméi an Zukunft kënne manipuléieren an also déi néideg Kompetenzen hunn, fënnt de Generol Steve Thull.

D'nächst Woch kënnt och de Lëtzebuerger Militärfliger, den A400M, deen een zesumme mat der Belsch geréiert.

Fir all déi Aufgabe brauch ee motivéiert a gutt ausgebilte Leit. D'Arméi soll méi attraktiv ginn an d'Basis-Ausbildung soll ëmgekrempelt ginn, fir datt déi keng ze grouss Hürd méi ass.

Invité vun der Redaktioun: Steve Thull

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.