E Mëttwoch de Moie war den Infektiolog aus de Schuman-Spideeler eisen Invité vun der Redaktioun.

Ech gesinn den Ament kee generelle Grond fir eng drëtt Corona-Impfung, och net wéinst der Delta-Variant. Dat sot den Dr. Gérard Schockmel, Spezialist fir Infektiounskrankheeten an de Robert Schuman Spideeler um Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.

Eng drëtt Impfung géif nëmme Sënn maache bei Leit, déi net gutt op de Vaccin reagéieren, respektiv vulnerabele Leit. Bei Vaccinen wéi deem vun Johnson& Johnson, déi nëmmen eng Dosis virgesinn, géif eng zweet Impfung och Sënn maachen.

De Vaccin an zwou Dosen géif géint eng uerg Corona-Krankheet schützen, dat och iwwer Joren. Et wär awer d’Fro wat ee wëll, wéi grouss de Schutz soll sinn. Bis ewell wär och kee grousst Ophiewes gemaach ginn, wann een eng liicht Erkältung hätt.

Wichteg wier och, datt an anere Länner op der Welt d'Leit iwwerhaapt eemol geimpft ginn. Och do hätt een eng Verantwortung.

D'Impfung vu Kanner a Jugendlechen.. .bei Jonken iwwer 12 Joer wier ee sech eens, datt d'Impfe richteg wier, seet den Dr. Schockmel. Och fir datt déi Jugendlech méi normal hirem Liewe kënnen nogoen. Déi rar Niewewierkung vun der Häerzmuskelerkrankung hätt ee bei all Virus-Erkrankung. Am Prinzip géif dat och no e puer Deeg schounen, ouni Konsequenz ewech goen, erkläert den Expert. Ouni Impfung wär d’Warscheinlechkeet héich, datt den Teenager sech infizéiert. An da wär d’Gefor vun enger Myokardite (=Häerzmuskelerkrankung) méi héich.

Bei méi jonke Kanner ënner 12 Joer wier een awer an enger anerer Kategorie. Corona wär keng Kannerkrankheet. Hei wier de Krankheetsverlaf meeschtens ganz harmlos. Just bei vulnerabelen Kanner sollt een iwwer d'Impfen nodenken.
D'Argument Kanner z’impfen, fir déi Erwuessen ze schützen, dat léisst den Dr.Schockmel net gëllen. Déi Erwuessen hätten jo hei d'Méiglechkeet sech impfen ze loossen.

Fir den Hierscht rechent den Dr. Schockmel nees mat méi Infektiounszuelen. Dat sollt een awer net speziell beonrouegen, well verstäerkt Jonker wäerte betraff sinn, déi net schwéier krank ginn. Et wär net z’erwaarden, datt d’Spideeler sech iwwerméisseg fëllen.

Dem Coronavirus géif ee warscheinlech net méi lass ginn, mengt de Spezialist fir Infektiounskrankheeten. Wann awer e Gros vun der Bevëlkerung eng Immunitéit géint de Virus hätt, verléiert de Coronavirus säi geféierleche Charakter. Op déi vulnerabel Leit misst een awer weider speziell gutt oppassen.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Gérard Schockmel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.