E Freideg de Moie war d'Mobilitéit an der Stad Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Et ass eng Bestandsopnam vun der aktueller Situatioun, wat gutt ass, mä am ganze Plang sti keng Ziler dran, an dat bedauere mer." Dat sot d’Monique Goldschmit e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Presidentin vun der ASBL ProVelo huet domadder op de neie Stater Mobilitéitsplang reagéiert, dee rezent publizéiert gouf.

Invité vun der Redaktioun: Monique Goldschmit

Et hätt een elo nees e Pabeier, dee beseet, dass mer e Problem hunn. Mä et géife keng Léisunge genannt ginn. Et wier kloer, dass mer de motoriséierten Trafic an der Stad awer manner misse prioriséieren.

Wann ee wéilt e gutt Liewensqualitéit an der Stad halen, kéint et net méi goen, dass ee fir 3 bis 4 Kilometer bannent der Stad selwer den Auto hëlt. Dofir sinn awer anstänneg Infrastrukturen néideg. Potential wier do, seet d’Monique Goldschmit, mä et misst een de Leit eben och d'Méiglechkeet ginn, sech an der doucer Mobilitéit wuelzefillen.

Et géif generell nach ëmmer e grousse Manktem u Vëlospisten am Land ginn. Et hätt een awer Hoffnung an d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes, de Reseau dee geplangt ass, endlech och reell ëmzesetzen. Ëmmerhi soll ee jo mol op 1.200 Kilometer Vëlospiste kommen. Aktuell feelen der nach iwwer 500.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.