Retard bei CNS: kuerzfristeg Efforten, mëttelfristeg de Paiement immédiat direct
E Freideg de Moie war de Gesondheetssystem Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wann ee seng Rechnung vun der CNS nach net rembourséiert krut, da soll ee bei hinnen nohaken. "Mir huelen dat do ganz seriö a probéieren, op d'Leit esou gutt ewéi méiglech anzegoen, fir da séier kënnen ze rembourséieren," esou de President vun der Gesondheetskeess e Freideg de Moien hei op RTL. De Christian Oberlé huet de Problem net erofgespillt: "D'CNS ass sécher net frou iwwer Retarden". Kuerzfristeg hätt d'CNS intern technesch Léisunge gesicht, zum Beispill beim Scanne vun den Dokumenter. D'Ekippe goufe verstäerkt. "Mee mir lafen dem Problem ëmmer no", esou de Christian Oberlé. Zwar wieren d'Retarden iwwer d'Joren zeréckgaangen, mee am Wanter géing de Volume un Dossieren ëmmer zouhuelen an dëst Joer hätt dem PID "e Stréch duerch d'Rechnung" gemaach: de Paiement immédiat direct koum net esou séier viru ewéi erhofft.
Zanter de System am Oktober operationell ginn ass, wieren 100 Dokteren ugeschloss (am Ganze ginn et iwwer 2.600 Dokteren hei am Land). Nodeems d'CNS hire System digital ganz moderniséiert huet, wier et elo un den Dokteren. De Christian Oberlé ass zouversiichtlech, datt iergendwann all d'Dokteren de PID hunn. De Feedback wier nämlech "wierklech gutt".
Datt d'CNS vum 2. Mee un an hiren Agencë just nach op Rendez-vous Leit empfänkt, dat wier eng wichteg Mesure, esou de Christian Oberlé. Et wiere bal 50% méi Leit an d'Agencë komm ewéi déi Jore virdrun an dat hätt zu Schlaangen a laange Waardezäite gefouert. Ewéi de Contrôle technique fir Gefierer, gouf an engem Pilotprojet zu Diddeleng de System mat Rendez-vous probéiert an dat hätt zu méi Effikassitéit gefouert: do hätt een op verschidden Deeg 30 Leit méi gepackt.
"D'Nomenclature entlount Volume a belount keng Qualitéit"
E weidere Sujet war d'Nomenclature, d'Tarifikatioun vun de medezineschen Akten, vun der Consultatioun, iwwert d'Traitementer bis hin zur spezifescher Interventioun. Dës gëtt dacks kritiséiert, well se gewëss medezinesch Professioune benodeelegt. De Christian Oberlé kennt de Problem: "d'Nomenclature entlount Volume a belount keng Qualitéit."
De Chef vun der CNS huet awer betount, datt déi lescht Joren d'Nomenclature zu 75% moderniséiert gouf an ee weider dru bleift. Et wier awer Gepléischters a wéinst de medezinesche Fortschrëtter géing een och hei ëmmer hannendru lafen. De Christian Oberlé huet eng Rei aner Systemer aus dem Ausland genannt, mee am selwechten Otemzuch gewarnt: "Systemännerunge bréngen ass... schwiereg". Vue d'Veralterung vun den Dokteren a vun der ganzer Gesellschaft war hien awer averstanen, datt d'Jalonen elo misste gesat ginn.
Fir wierklech d'Qualitéit an de Mëttelpunkt ze stellen, mee och fir méi Akommesgerechtegkeet ënnert den Dokteren, misst een a sengen Aen op e Konzept eriwwer, deen d'Gesondheet fërdert amplaz ewéi elo, eng Remuneratioun vu Behandlung. Natierlech ass dat alles méi komplex a muss mat den Acteuren um Terrain beschwat ginn, well "déi wëssen ewéi et leeft".
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.