Recettë vum Staat klamme méi ewéi erwaart
En Donneschdeg de Moie waren d'Steiermesuren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir haten e Verspriechen, mir hunn e Programm a mir liwweren", esou de Finanzminister en Donneschdeg de Moien hei op RTL. De Gilles Roth huet verséchert, datt mat der CSV-DP-Koalitioun jidderee "méi Netto vum Brutto" wäert iwwereg hunn an de Mëttelstandsbockel offlaache géing, och wann de Steierkredit Ufanks vum Joer ewechgefall ass an d’nächst Joer d’Energie-Rechnunge klamme wäerten. D'Baisse vun de Recetten duerch Steiererliichterungen an déi zousätzlech Ausgaben zum Beispill fir d’Militär, dat alles kéint och finanzéiert ginn.
Éischtens emol géifen d'Recettë vum Staat dem Gilles Roth no gutt lafen. Am Budget fir dëst Joer war een nach vun engem Plus vu 7% bei de Recetten ausgaangen an elo kéint de Finanzminister sech virstellen, datt et e Plus vu 14% par rapport zum Joer virdru gëtt. Eréischt wann déi éischt Hallschent vum Joer eriwwer ass, wäert d’Chamber definitiv Zuele kréien. Op d'Fro, ob et déi nächst Joren awer bei engem Budgetsdefizit bleiwe wäert, äntwert de Gilles Roth: "De Finanzminister, dat ass kee Comptable an de Staatsbudget ass net einfach en Zuelespill, mä de Staatsbudget ass do fir d’Leit."
Neie Stroumpräisdeckel misst 140-150 Milliounen Euro kaschten
D’ëffentlech Ausgabe ginn dann op d’mannst liicht erof, well d’Energiepräisdeckelen d’nächst Joer ofgeschaaft ginn, mat Ausnam vum Präisdeckel vum Stroum, deen op d'Hallschent reduzéiert gëtt. D’
Energiepräisdeckelen hunn de Staat dëst Joer iwwer 300 Milliounen Euro kascht. De Finanzminister rechent mam neie Regime d’nächst Joer mat 140-150 Milliounen Euro u Käschten, wat natierlech nach kéint variéieren.
Och hei wiert sech de Gilles Roth dowéinst géint d’Ausso, datt méi deier Energierechnungen d’Steiererliichterungen opfriesse géingen. Obwuel d’EU-Institutioune recommandéieren, datt d’Präisdeckelen d’nächst Joer ofgeschaaft ginn, géing d’Regierung weider de Leit ënnert d’Äerm gräifen. Fir déi méi niddreg Revenue ginn iwwerdeems verschidden Aiden erop.
Steiererliichterungen
Déi weider Upassung vum Steierbarème un 2,5 Indextranchen dat nächst Joer wier dem Gilles Roth no och eng "substantiell" Entlaaschtung, besonnesch fir déi niddreg Revenuen. Dat well de Steier-Aganksmontant (de Bruttorevenu, vun deem un een 8% Steiere bezilt – duerno geet et vun Tranche op Tranche progressiv erop, nvdr) an d’Luucht gesat gëtt. Doriwwer eraus wéilt hie bis 2026 d’Inflatioun ganz beréngt hunn.
D’Monoparentauxe solle schonn d’nächst Joer zousätzlech méi entlaascht ginn. De Minister kéint hei nach net alles verroden, well d’Aarbechten nach amgaang wieren. Spéitstens Mëtt Juli géing e Gesetzprojet deposéiert ginn.
Fir déi däitsch Frontaliere wéilt de Finanzminister dann e Steierkredit aféieren. Zanter Ugangs dës Joers ass d'Besteierung vun dësen Iwwerstonnen an engem Accord mat Däitschland gereegelt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.